Statutarische
Wahlen 2026

Wahl des obersten Gremiums der FGFC
Alle Mitglieder sind aufgerufen, ihre Stimme abzugeben.

22. september

Deine Stimme zählt.

Die Wahl

FGFC schließt Reformprozess
mit basisdemokratischen Wahlen ab

Die FGFC hat ihren Reformprozess, der 2017 begonnen wurde, bis 2026 umfassend umgesetzt und ihre Strukturen sowie Arbeitsweise grundlegend erneuert. Ziel der Reform war es, die Gewerkschaftsarbeit zu modernisieren und stärker an den praktischen Bedürfnissen der Mitglieder auszurichten.

Zwischen 2019 und 2023 wurden gezielt Mitglieder auf zukünftige Führungsaufgaben vorbereitet. Parallel dazu wurden drei zentrale Grundwerte definiert: die kommunale Identität, die Praxisnähe und die Partizipation der Mitglieder.

Im Zuge der Reform wurde die Organisationsstruktur vereinfacht und demokratischer gestaltet. Es besteht nun ausschließlich eine individuelle Mitgliedschaft mit einheitlichem Beitrag.

„FGFC – Jo fir
d'Gemengepersonal“

Der Abschluss eines historischem Reformprozesses

Der Reformprozess markiert den Übergang zu einer stärker partizipativen und strukturell vereinfachten Organisation.
Alle Mitglieder geben ihre Stimme direkt und ohne Zwischengremien ab. Das Wahlergebnis ist verbindlich.

Im Anschluss wird aus dem Comité directeur ein siebenköpfiges Exekutivbüro bestimmt.
Die Bekanntgabe erfolgt am 23. Oktober 2026 im GRIDX.

Unsere Grundwerte

Was uns antreibt:

Drei Werte bilden das Fundament der FGFC – seit 1912 und heute mehr denn je.

FGFC Identität

Kommunale
Identität

Die 1912 gegründete FGFC (Allgemeine Föderation der Kommunalangestellten) ist die einzige Gewerkschaft, die sich ausschließlich den Beschäftigten von Kommunen und interkommunalen Verbänden widmet, unabhängig davon, ob es sich um Beamte, Angestellte oder kommunale Arbeiter handelt.

FGFC Proaktivität

Proaktivität
 

Unser Engagement konzentriert sich auf den sozialen Dialog und proaktives Handeln in allen Bereichen des kommunalen Sektors. Unser Ziel ist es, ihre kommunale Identität durch aktives und partizipatives Engagement zu bewahren.

FGFC Partizipation

Partizipative
Mitgliedschaft

Die FGFC ist eine moderne Gewerkschaft, in der jedes Mitglied die Möglichkeit hat, sich unkompliziert einzubringen. Wir schätzen die persönliche und berufliche Meinung jedes Einzelnen, denn wir glauben an die Bedeutung eines starken Zusammenhalts und Kollegialität.

Warum wählen?

3 gute Gründe, zur Wahl zu gehen:

Deine Stimme ist nicht nur ein Recht – sie ist ein Beitrag zur Zukunft deiner Gewerkschaft.

1. Deine Stimme zählt direkt

Du wählst direkt deine Vertreter im obersten Gremium der FGFC dem Comité Directeur.

2. Du gestaltest die Zukunft mit

Der neu gewählte Vorstand legt die strategische Ausrichtung der FGFC für die kommenden Jahre fest.

3. Historischer Moment

Diese Wahl besiegelt den Abschluss eines zehnjährigen Reformprozesses. Nutze dein Wahlrecht.

WAHLKALENDER 2026

Alle wichtigen Daten auf einen Blick

Montag, 25. Mai 2026

Veröffentlichung der Wahlen

Offizielle Bekanntmachung

25. Mai > 24. Juli 2026

Vorab-Anmeldung und Kandidatur



Freitag, 24. Juli 2026
Bewerbungsschluss

Sonntag, 23. August 2026

Einfrierung der Wählerliste

Donnerstag, 17. September 2026

Versand der Stimmzettel

Dienstag, 22. September 2026

Verkündung der Resultate spätestens 5 Werkstage nach dem Ende der Briefwahl.

Wahlberechtigung

  • Alle Mitglieder mit bezahltem Jahresbeitrag

Stimmabgabe

  • Maximal 2 Stimmen pro Kandidat
  • Höchstens 25 Stimmen pro Wahlzettel
  • Ungültig bei Überschreitung der Stimmzahl oder Manipulation

Versand

  • Stimmzettel in neutralen Umschlag legen
  • Diesen in den adressierten FGFC-Umschlag stecken
  • Ohne Briefmarke einwerfen
  • Keine Annahme im Sekretariat oder Wahlbüro

Deng Stëmm fir eng staark FGFC

Alle aktiven Mitglieder, Dienst oder im Ruhestand - Fonctionnaires, Employés, Salariés – sind aufgerufen, ihre Stimme abzugeben und die Zukunft der FGFC aktiv mitzugestalten.

Wie funktioniert es?

So einfach geht Briefwahl

In 4 Schritten zur abgegebenen Stimme – bequem von zu Hause aus

Etape 1

Schritt 1
Unterlagen
erhalten

Du erhältst per Post deinen persönlichen Stimmzettel mit Wahlunterlangen ab dem 17. September.

Etape 2

Schritt 2
Stimmzettel
ausfüllen

Wähle deine Kandidaten – max. 2 Stimmen pro Person, insgesamt höchstens 25 Stimmen.

Etape 3

Schritt 3
Umschläge
verschließen

Stimmzettel in den neutralen Innenumschlag, diesen in den adressierten FGFC-Außenumschlag legen.

Etape 4

Schritt 4
Einwerfen –
fertig!

Den Außenumschlag ohne Briefmarke in einen Briefkasten werfen – bis spätestens 22. September 2026.

Wichtig: Es werden keine Stimmzettel im Sekretariat der FGFC oder direkt im Wahlbüro angenommen. Nur Briefwahl ist möglich. Die Post Luxembourg sammelt alle Umschläge und übergibt diese ungeöffnet am 22. September an die Wahlkommission.

Kandidatenliste

Hier finden sie die Kandidaten, welche sich für eine moderne FGFC einsetzen wollen.

* Gemäß der Statuten und des internen Regelwerks der FGFC gelten diese Kandidaten nun als von Amts wegen gewählt und werden nicht auf dem Stimmzettel aufgeführt.

BREDEN Guy

BREDEN
Guy

Als President vun der Beamtendelegatioun setzen ech mech zënter Jore mat vill Engagement fir d’Personal vun der Stad Lëtzebuerg an. Als aktuelle Member vum Comité directeur schaffen ech aktiv un der Ausriichtung vun der nationaler FGFC mat. Ech si motivéiert, dëst Engagement och an Zukunft weiderzeféieren an d’Interesse vun eise Memberen engagéiert ze vertrieden. Et ass mir besonnesch wichteg, datt all Fonctionnaire an all Employé gerecht behandelt gëtt, déi néideg Unerkennung kritt a fir seng Aufgab gutt ausgebilt ass. Dëst gëllt fir all eis Mataarbechterinnen a Mataarbechter – souwuel an de Gemengen ewéi och an de Syndikater. Ech setze mech och konsequent dofir an, datt all Fonctionnairesposten duerch e Fonctionnaire oder duerch en Employé communal besat gëtt.

DA SILVA Rafael

DA SILVA
Rafael

Salut, ech sinn de Rafael, 42 Joer al a aschaffen als Ingenieur bei der Stad Lëtzebuerg am “Service Circulation”. Als Porte-Parole vum “Groupement d’intérêt – AFUC” kandidéieren ech fir de Comité Directeur, fir an éischter Linn d’Interessi vun eise Memberen an allen aneren Universitäre bei de Gemengen am héchste Gremium vun der FGFC ze vertrieden an hiren Doleancen eng Stëmm ze ginn. Ech wëll mech dofir asetzen, dass den Uni’s-Diplom am Gemengesecteur eng gewësse Valeur huet a geschützt gëtt. Des Weideren ass et mir ee grousst Uleies – mat entspriechendem Engagement an am Teamgeescht – weiderhin als Member vum Comité Directeur drun ze schaffen, de Gemengesecteur ze stäerken a fit ze maache fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft.

DE ABREU PAIS Tania

DE ABREU PAIS
Tania*

Ech sinn Tania PAIS 41 Joer al an am Service Foyer Scolaire säit 2018, ech stelle mech gäre fir de Comité Directeur vun der FGFC vir. Ech sinn eng engagéiert Persoun, déi motivéiert ass, aktiv zur Entwécklung vun eiser Federatioun bäizedroen. Besonnesch wichteg ass et mir, de Service socio-pédagogique ze vertrieden an d’Interessen an de Wuelbefanne vum Personal staark an d’Decisiounen anzebréngen. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt eng kloer Stëmm aus dësem Beräich der FGFC hëlleft, eng equilibréiert an nohalteg Aarbechtskultur ze fërderen. Ech schaffe strukturéiert, verantwortungsvoll an am Team, ech si bereet, meng Erfarung a mäin Engagement anzebréngen, fir d’Federatioun an eise Servicë weider ze stäerken. Ech géif mech freeën, dës Geleeënheet ze kréien an op äre Support bei de Walen ze zielen.

DE ANGELIS Frank

DE ANGELIS
Frank

Ech sinn zanter 1994 gewerkschaftlech an der Gemeng Lëtzebuerg aktiv, an zanter 2018 Member an der FGFC. Als Gewerkschaftler sinn ech gewinnt de Leit nozelauschteren, op hir Suergen anzegoen an hinnen gutt Rotschléi ze ginn. Ech setze mech fir fair Léin, sécher Aarbechtszäiten an Aarbechtsbedingungen fir d’ ganzt Gemengepersonal an. Nëmmen am konstruktiven Dialog kann een mateneen schwätzen a gutt Léisunge fannen. Ech gi mat an d’ Walen vun der FGFC fir d’ Zukunft matze gestalten, an dat Bescht ze realiséieren.

DE MICHELIS Pasquale

DE MICHELIS
Pasquale

Mäin Numm ass Pasquale De Michelis an ech schaffen zënter 11 Joer bei der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg als Hallenwahrt. Ech kandidéieren fir dat héchste Gremium vun der FGFC, well ech un déi dräi Grondwäerter gleewen, déi eis Reform gepräägt hunn : d'kommunal Identitéit, d'Praxisnähe an d'Participatioun vun de Memberen. Mäin Engagement baséiert op Disponibilitéit, Transparenz an Entschlossenheet — dräi Prinzippien, déi ech all Dag an menger Aarbecht liewen. E Reformprozess, deen d'Basis stäerke wëll, brauch engagéiert Stëmmen, déi no bei de Membere bleiwen. Ech bieden Iech ëm Äert Vertrauen.

FERNANDES Rafael

FERNANDES
Rafael

Als Kandidat fir de Comité Directeur vun der FGFC wëll ech mech mat voller Iwwerzeegung fir d’Interesse vun de Beamten an de Gemengenugestallten asetzen. An enger Zäit, an där d’Roll an d’Rechter vum ëffentleche Déngscht ëmmer méi a Fro gestallt ginn, ass et wichteg, eis Acquisen ze verdeedegen an eis Rechter weider ze stäerken. D’Mataarbechterinnen a Mataarbechter an de Gemengen leeschten all Dag eng wäertvoll Aarbecht am Déngscht vun de Bierger. Si verdéngen Unerkennung, Respekt a fair Aarbechtskonditiounen. Ech setzen mech fir eng staark Vertriedung vun eise Beruffer, e konstruktive soziale Dialog an attraktiv Aarbechtskonditiounen an. Mäin Zil ass et, d’Stëmm vun de Beamten an de Gemengenugestallten ze stäerken an dofir ze suergen, datt hir Rechter och an Zukunft geschützt a gefërdert ginn.

FLENGHI Roland

FLENGHI
Roland

Ech sinn 48 Joer al, bestuet a Papp vun dräi Kanner. Zënter 2005 schaffen ech fir d' Gemeng Déifferdeng, an zënter 2014 sinn ech Responsabele vum Biergeramt. (Etat Civil, Bureau de la Population an Accueil). A menger Fräizäit spillen ech gär Theater zu Déifferdeng. De Fussball ass säit ech kleng war, meng grouss Passioun: No menger Karriär als Spiller an Arbitter sinn ech haut als Arbitter-Observateur aktiv. Wann nach e bëssen Zäit bleift, spillen ech och Pétanque zu Käerjeng bei KaBoule. Zënter néng Joer sinn ech President vun der Beamtendelegatioun, wou ech vill Erfarung am Vertriede vun de Mataarbechter gesammelt hunn. Fir mech steet de Mënsch am Mëttelpunkt, an ech setzen mech ëmmer erëm gären dofir an, datt jidderee gerecht behandelt gëtt. Säit 2021 sinn ech Member am Comité directeur vun der FGFC. An deene leschte Joren hunn ech vill engagéiert Leit kennegeléiert, an d'Aarbecht am Comité directeur huet mech ëmmer faszinéiert. Dofir wëll ech mech och an der nächster Mandatsperiod weider mat voller Iwwerzeegung an Engagement fir d'Interesse vun eise Memberen asetzen.

FRISING Roby

FRISING
Roby

Stellen meng Kanditatur vier an denn Comité Directeur vun der FGFC, soll en Mixe aus Fraen an Männer sinn, an och vun all Alters Sicht Leit vertrueden sinn. Op wuell ech an der Pension sinn, soll een sech wieder Engajeieren vier Interesse vun eiser Gewrkschaft vertrieden. Hoffen op een Fairen an Gerechten Wahl Kampf.

GANSER Serge

GANSER
Serge

Ech sin den Serge an schaffen zënter 40 Joër op der Escher Gemeng. Ech sin bestuet an Papp vun 4 Kanner. Zënter méi wéi 10 Joër sin ech President vun der Escher Beamten Delegatioun, wou ech mech fir d’Rechter vun eisen Fonctionnairen an Beamten asetzen. Als Papp vun 4 Kanner fillen ech mech verpflicht fir och nach an Zukunft mech fir gudd Aarbechtskonditiounen an eng gerecht Aarbechtspolitik anzesetzen. Ech zielen op aerch an op aert Vertrauen. D’FGFC steet fir aer Zukunft.

GASPARRO Claudia

GASPARRO
Claudia

Ech setze mech fir eng staark, gerecht a modern Vertriedung vun de Gemengebedéngschten an. Mir ass wichteg, datt all Mataarbechter respektéiert gëtt, fair Aarbechtsbedéngungen huet an eng Stëmm bei Entscheedungen kritt, déi säin Alldag betreffen. Ech engagéiere mech fir Solidaritéit, Gläichbehandlung an eng konstruktiv Zesummenaarbecht tëscht Personal, Gewerkschaft an Employeuren. Ausserdeem leien mir d’Beruffsentwécklung, d’Weiderbildung an d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter um Häerz. Ech wëll dozou bäidroen, d’Interesse vun de Gemengebedéngschteten nohalteg ze verdeedegen a gemeinsam Léisungen ze fannen, déi d’Qualitéit vum ëffentleche Service stäerken an d’Zukunft vun eisem Beruff ofsécheren. Fir eng staark a vereent Gemeinschaft. Merci mech ze wielen.

GRÜNEISEN Joseph

GRÜNEISEN
Joseph

Ich bin Grüneisen Joseph, für die meisten einfach Jupp (64 Jahre, im Ruhestand). Vom Elektro-Mechaniker auf der ARBED Differdingen über 24 Jahre in der Coque bis hin zu 14 tollen Jahren im Schulschwimmbad des Syndikats Pimodi. Ich kenne unsere Arbeitswelt von der Pike auf. Seit über 20 Jahren darf ich die ALIN (Luxemburger Schwimmverband) leiten. Da lernt man, sich für andere starkzumachen. Dieses Engagement liegt mir einfach im Blut – und genau das möchte ich jetzt für uns in der FGFC tun“. Deshalb möchte ich mich weiter in der FGFC für euch starkmachen. Dafür trete ich an:
- Mehr Zusammenhalt: Wir müssen wieder enger zusammenrücken – egal ob Mitglied oder nicht.
- Klare Stimme: Ich vertrete unsere Berufsgruppe mit Nachdruck und bringe mich bei neuen Themen ein.
- Herzensinsprojekt: Das Schulschwimmen in der Grundschule bleibt für mich ein Dauerthema, für das ich kämpfe. Ich bin einer von euch: nahbar, erfahren und direkt. Für diesen gemeinsamen Weg bitte ich um eure Stimme!
Euer Jupp

HANSEN Sandy

HANSEN
Sandy

Main Numm ass Sandy, ech si 46 Joer al an elengerzéiend Mamm vun engem 16 järegen Meedchen. Ech schaffen zu Esch op der Gemeng wou ech mech säit ville Joren als Personaldéléguéierten fir méi Gerechtegkeet a Wuelbefanne vum Personal asetzen. Donieft sinn ech Member an der CHFEP a säit 2025 am Bureau exécutif élargi vun der FGFC aktiv.
Den ëffentlechen Déngscht, a virun allem de kommunale Secteur, sti viru villen neien Erausfuerderungen. Et gellt elo aktiv ze ginn a sech zesumme mat allen Acteur’e Gedanken ze maachen a gemeinsam Propose fir e staarke Gemengesecteur vu muer auszeschaffen. Et ass ELO wou zielt! Kreativ a kommunikativ denken ech och gäre mol em den Eck.
Motivéiert a mat engem oppenen Ouer fir eis Leit um Terrain géif ech mech freeën och weiderhin am Comité Directeur dierfe mat ze schaffen. Gemeinsam si mir staark!

HATTO Steve

HATTO
Steve

Zesumme gestalten, amplaz nëmmen ze verwalten. Éier ech Vizepresident vun der FGFC gi sinn, war ech de Vertrieder vun den Agents municipaux. An dëser Funktioun hunn ech mech dofir agesat, de Beruff weiderzeentwéckelen a wichteg Reformen ze verhandelen an ëmzesetzen. E besonnesche Fokus louch dobäi op der Verbesserung vun der Ausbildung. Haut leeden ech den interkommunale Service de proximité vun de Gemenge Miersch, Lëntgen, Fëschbech, Fiels, Luerenzweiler an dem Helperknapp. Zousätzlech sinn ech als Formateur fir den INAP täteg. Dës Erfarunge verbannen Praxis, Verantwortung an d’Fäegkeet, Verännerungen konkret ëmzesetzen. Ech sti fir eng Gewerkschaft, déi virausschauend handelt, Verantwortung iwwerhëlt an zesumme mat hire Membere d’Aarbechtswelt vu muer gestalt. Ech si iwwerzeegt, datt proaktiv virzegoen op laang Siicht méi erfollegräich ass, wéi nëmmen besteeënd Privileegien ze verdeedegen. Op „Dat hu mir schonn ëmmer esou gemaach“ äntweren ech: „Ganz gutt. An elo maache mir et besser.“

HINTERSCHEID Jil

HINTERSCHEID
Jil

Mäi Numm ass Jil Hinterscheid. Ech hunn 2010 an der Suessemer Gemeng am Populatiounsbüro ugefaang an 2018 hun ech mech emorientéiert fir de Schoulservice. Ech sinn och zanter bal 10 Joer an der Personaldelegation well et mir wichteg ass mech fir meng Aarbechtskolleegen ze engagéieren, wat ech och an Zukunft wëll weider féieren. Mat der FGFC hoffen ech, dësen Engagement och um nationale Plang kënnen emzesetzen, fir déi konkret Uleie vum Gemengepersonal vertrieden ze kënnen an hire Problemer Gehéier ze verschafen. Mir si kloer Ofleef, oppe Gespréicher an eng novollzéihbar Entscheedungsfannung immens wichteg an ech géif mir wënschen, Froen op Landesniveau kënnen ze beäntweren an esou eng fair a gläich Behandlung fir jiddereen ze erreechen. Dorop wëll ech mech konzentréieren.

KETTEL Lynn

KETTEL
Lynn

Ech sinn d'Lynn, 43 Joer al, gepacst a Mamm vun engem Jong. Säit 2017 schaffen ech zu Wormer op der Gemeng. Säit 16 Joer sinn ech Member vun der FGFC a war vun Ufank un aktiv beim Moderniséierungsprozess vun eiser Gewerkschaft bedeelegt. Et wär mir wichteg dëse Prozess dierfe weider ze begleeden. Eis Aarbechtswelt verännert sech ëmmer méi séier a Gemenge kréien ëmmer méi Aufgaben operluecht. Aus dësem Grond ass et wichteg eng modern a staark Gewerkschaft ze hunn déi d’Interesse vun de Leit um Terrain vertrëtt.

KLEIN Carlo

KLEIN
Carlo

Ech sin de Carlo Klein, sin zanter 40 Joer aktive Menber vun der FGFC an seid 4 Joer Pensioun. Ech war op der Gemeng Lëtzebuerg 13 Joër am Technesche Beräich an die läscht 25 am Culturele Beräich am Geschichts Musée ( Lëtzebuerg City Musée) an parallel an der Villa Vauban. Ech sinn héich motivéiert mai Wëssen a meng Erfarunge matt eran ze brengen fir Zukunft.

KOB Myriam

KOB
Myriam

Respekt, Éierlechkeet, Zesummenhalt an en oppent Ouer fir är Uleies si fir mech wichteg. Ech well mech dofir asetzen, datt eis Stëmm gehéiert gëtt an datt mir zesummen eis Aarbechtsbedéngungen an eis Zukunft aktiv matgestalten. Nëmmen zesumme kënne mir eppes beweegen an eis Zukunft aktiv matgestalten. Ech géif mech freeën, op Är Stëmm ziele kënnen. Merci fir Äert Vertrauen! Är Stëmm. Mäin Asaz.

KODERS Marie-Claude

KODERS
Marie-Claude

Besonnesch als Pensionnaire sinn ech iwwerzeegt an erwaarden vun alle Partner, dass Ännerungen a Modernisatiounen am Aarbechtsberäich am Respekt vum “Esprit de service“ vum Gemengepersonal am allgemengen a besonnesch vu jidder eenzelner Persoun, egal wat fir e Statut kennen ageriicht ginn. Dobäi dierf den direkte, perséinlechen an sozialen Kontakt mateneen net verluer goen. Haut gëtt gären vun de Pensiounen geschwaat. Als Pensionnaire kucke mir gären drop wat fir Pai-Elementer an Spezialcongés zur Pensiounsberechnung zielen a mir besti drop dass d’Pensioun eng Liewensgestaltung en dignité erlaabt, souwuel fir déi elo aktiv Kollegen als och fir déi déi schon an der Pensioun sinn.

MELONE Jos

MELONE
Jos

Moien, Ech sinn den Jos Melone sinn 51 Joer al, a schaffen als Agent de Permanence beim den Stätteschen Bus. Zousätzlech sinn ech Vize-President vun der Statter Beamten-Delegatioun. Zënter 2007 engagéieren ech mech aktiv an der Gewerkschaft. Wärend dëser Zäit hunn ech vill Erfarung gesammelt a mech konsequent fir d'Interesse vun de Mataarbechter agesat. Vill Leit kennen mech als eng oppen, an hëllefsbereet Persoun. Ech hu mech decidéiert, fir dës Wahl ze kandidéieren, well ech meng Erfarung an meng Iddien och an Zukunft am Interessi vun de Mataarbechter asetze wëll. De konstruktiven Austausch an eng gutt Zesummenaarbecht si fir mech wichteg, fir gemeinsam no fairen a praktesche Léisungen ze sichen. A menger Fräizäit verbréngen ech vill Zäit mat menger Famill a menge Frënn. Ech hunn ëmmer en oppent Ouer fir aner Leit a si bereet ze hëllefen, wann et néideg ass. Ech géif mech freeën, wann Dir mir Äert Vertraue gitt a mech bei dëser Wahl ënnerstëtzt. Merci fir Är Ënnerstëtzung.

MEYSEMBOURG Marc

MEYSEMBOURG
Marc

Ech wëll mech weider an der FGFC engagéieren, well ech gären mäin Deel dozou bäidroen wëll dass eist Personal op de Gemengen gudd vertrueden gët vis-à-vis vun eise Patron’en an dem Ministère de l’Intérieur.

MOURA Rui

MOURA
Rui

Mäin Numm ass Rui. Als gepacsten an houferege Papp vun zwee wonnerschéine Meedercher verbréngen ech meng Fräizäit am léifste mat menger Famill, bei Gesellschaftsspiller oder gemittleche Momenter zesummen. Zënter 2015 sinn ech bei der Gemeng Beetebuerg als Agent municipal (Garde champêtre) agestallt an zënter 2018 engagéieren ech mech als Personaldelegéierten. Duerch den Austausch mat de verschiddene Servicer hunn ech geléiert, déi ënnerschiddlech Realitéite besser ze verstoen an d’Uleies vun de Mataarbechter ze vertrieden. Vu Natur aus sinn ech optimistesch, oppe fir aner Leit an hunn ëmmer en oppent Ouer. Respekt, Dialog a Vertraue si fir mech wichteg Grondlage fir zesummen Léisungen ze fannen. Als Personaldelegéierten kann ech op d’Erfarung an d’Ënnerstëtzung vun der FGFC ziele. Haut wëll ech dëst Engagement weiderféieren, eppes zeréckginn an d’FGFC an hir Membere aktiv ënnerstëtzen. Mäin Engagement ass kloer: do sinn, nolauschteren an zesumme fir eis gemeinsam Interesse schaffen.

MULLER Jean

MULLER
Jean*

De Jean Muller ass Pianist a Pianosproff am Staadter Conservatoire. Zënter 2024 ass hien Member vum Comité directeur vun der FGFC an President vun der Associatioun des Enseignants vum Conservatoire. Hie kandidéiert fir säin Engagement am Comité directeur weiderzeféieren, an ass iwwerzeegt, datt e konstruktive soziale Dialog an eng staark Vertriedung vun alle Gemengeberuffer essentiell sinn. Besonnesch läit et him um Häerz, d’Interesse vun der musikalescher Enseignementscommunautéit am Comité directeur ze vertrieden. Mat senger Kandidatur wëll hien seng gewerkschaftlech Erfarung an seng praktesch Kenntnisser vum Terrain an den Déngscht vun der FGFC an all hire Memberen stellen.

MULLER Jeff

MULLER
Jeff

„Nëmme kritiséieren ännert näischt – Engagement schonn.“
Zënter 2009 sinn ech Fonctionnaire bei der Stad Lëtzebuerg. Als Member vum Comité Directeur vun der FGFC an als Ersatzdelegéierte vun der Fonctionnairsdelegatioun vun der Stad Lëtzebuerg setzen ech mech mat Iwwerzeegung fir d'Rechter vun de Fonctionnairen an. Mäin Zil ass et, datt d'FGFC och an Zukunft eng staark an onofhängeg Gemengegewerkschaft bleift an d'Interesse vun eise Kolleeginnen a Kolleegen engagéiert vertrëtt a weider stäerkt.

MULLER Maryse

MULLER
Maryse

Den 1. Abrëll 2008 hunn ech ugefaangen op der Stater Gemeng als Redakter am Service ‘Coordination des chantiers’ ze schaffen. Et war mir schonn ëmmer wichteg mech fir meng Kolleegen anzesetzen. Ob sie Problemer ob der Aarbecht, am perséinleche Beräich oder gesondheetlech hunn ech probéieren sie ze ënnerstëtze wou et méiglech ass. Elo deet sech en neien Defi op, de ‘Comité Directeur vun der FGFC. Mat der Erfarung déi ech déi lescht Joren an der Delegatioun vun der Stat Lëtzebuerg gesammelt hunn an de ville verschiddenen Dossieren déi mir traitéiert hunn, denken ech dass ech prett sinn fir dës Erausfuerderung. Duerfir stellen ech elo meng Kandidatur.

PATRAEL Liis

PATRAEL
Liis

Frëndlechkeet mécht den Ënnerscheed.
Fir mech steet de Mënsch ëmmer am Mëttelpunkt. Zënter 2017 schaffen ech bei der Stad Lëtzebuerg, zënter 2019 sinn ech Fonctionnaire. Als Ersatzdelegéiert am Delegéiertenausschoss hunn ech ëmmer en oppent Ouer a setzen op Dialog a géigesäitege Respekt. Ech gleewen drun, datt een aner Mënsche sou behandele soll, wéi een och selwer behandelt wëllt ginn. Mat mengem positiven Engagement wëll ech mech weider fir d'Interesse vun eise Kolleeginnen a Kolleegen asetzen.

PESCAROLO Sven

PESCAROLO
Sven

Ech sinn de Sven Pescarolo, 40 Joer al, a wunnen zu Diddeleng. Ech kandidéieren fir dʼFGFC Wahlen, well ech fest dovun iwwerzeegt sinn, datt et eng staark, modern a konsequent Stëmm fir dʼGemengepersonal brauch. Als Member am Comité directeur vun der FGFC an duerch meng Erfarung an der Gemeng Suessem kennen ech dʼErausfuerderungen um Terrain gutt a wëll mech dofir asetzen, datt dʼInterête vun de Mataarbechter kloer a fair verdeedegt ginn. An der Gemeng Suessem sinn ech als Agent municipal a Garde-champêtre am Asaz. Zousätzlech engagéieren ech mech als Personaldelegéierten an als Chancëgläichheetsbeoptragten a hunn dëst Joer Verantwortung am Service de Proximité iwwerholl. Privat verbréngen ech vill Zäit mat menger Famill. Mir reese gär a besichen Fräizäitparken. Och dʼMotofueren mat menger Madamm gëtt mir Gläichgewiicht an Energie. Dës Energie a Verlässlechkeet wëll ech an dʼFGFC abréngen.

REUTER Claude

REUTER
Claude

Ech sinn de Claude Reuter, Joergang 1975. Als Papp weess ech, wéi wichteg Zesummenhalt, Respekt a Verantwortung sinn. Mäi sozialen Engagement huet als Animateur mat Kanner a Jugendlechen ugefaangen. Zënter 1998 sinn ech bei der Stad Lëtzebuerg, an zënter 2005 setzen ech mech mat Iwwerzeegung fir d'FGFC an - zënter ville Joren als Vizepresident an haut als President. Ech kandidéieren, well ech un eng modern, oppen a staark Gewerkschaft gleewen, an där all Member gehéiert gëtt an aktiv matgestalte kann. Ech bauen Brécken, lauschteren no a scheien och keng schwiereg Decisiounen. Nëmmen zesumme kënne mir eng FGFC gestalten, déi de Mataarbechter haut déngt an de Fuerderunge vu muer gerecht gëtt. Ech géif mech freeën, op Äert Vertrauen ziele kënnen. Merci fir Är Stëmm.

RICCIARDELLI Giorgio

RICCIARDELLI
Giorgio

Léif Memberen, Ech kandidéiere fir de Comité Directeur vun der FGFC, fir meng Erfarung an den Déngscht vun eiser Zukunft ze stellen.Duerch meng fréier Memberschaft am Exekutivcomité an als fréiere President vun der ATC kennen ech d'Strukture vun eisem Syndikat ganz gutt. Dobäi hunn ech och aktiv un der Reform vun eise Gewerkschaftsstrukture matgewierkt.Vis-à-vis vun den Erausfuerderunge vum kommunalen Déngscht wëll ech dës duebel Expertise abréngen, fir eis Wäerter vu Solidaritéit a Gerechtegkeet héichzehalen.Ech zielen op Äert Vertrauen, fir zesummen ze agéieren. Mat syndikalistesch Gréiss,

RULOT Éric

RULOT
Éric

Ech sinn Papp vun enger Duechter a schaffen zënter 10 Joer als Buschauffer beim TICE. Aktuell sinn ech Vizepresident vun der Personaldelegatioun um TICE a Member vum Comité directeur vun der FGFC. Ech kandidéieren, well ech iwwerzeegt sinn, datt eng staark FGFC no bei hire Memberen ass an all Beruffsgrupp vertrëtt. Als Agent de transport weess ech, wéi wichteg et ass, datt och d’Mataarbechter um Terrain eng staark Stëmm hunn. Gläichzäiteg läit et mir um Häerz, de Statut vum Fonctionnaire an Employé communal ze erhalen an ze stäerken, well hien e wichtege Bestanddeel vun enger staarker an onofhängeger Fonction publique ass. Mat Engagement, Éierlechkeet a Respekt wëll ech mech och an Zukunft fir d’Interesse vun alle Memberen asetzen.

SADLER Jean

SADLER
Jean

Ech heesche Jean (Jang) Sadler, sinn 39 Joer al a schaffen zënter 2022 an der Fusiounsgemeng Helperknapp am Sekretariat, wou ech ënner anerem fir den RH zoustänneg sinn. Well dëst net meng éischt Statioun am Gemengesecteur ass, hunn ech schonn eng ganz Partie Erfarung gesammelt a weess, wou d’Schwéierpunke leien. Als fréiere Mataarbechter vun engem Syndikat ass mir och bewosst, datt hei d‘Leit dacks an der zweeter Rei stinn an ze séier vergiess ginn. Ech schaffen gär am Team, engagéieren mech fir aner a bréngen mech do wou et néideg ass an – net nëmmen am Beruff, mee och a menger Fräizäit, wou ech mech zënter iwwer 10 Joer benevol an engem Veräin asetzen. Bei der FGFC wëll ech mech aktiv fir d’Interesse vun alle Kolleegen a Kolleeginnen am ganze Land asetzen Ech sinn der Meenung, datt et net duergeet nëmmen ze schwätzen – et muss een och mat upaken. An genee dat sinn ech bereet ze maachen.

SCHICKES Theo

SCHICKES
Theo

Moien, ech sinn den Théo, 44 Joer al, an ech kandidéiere fir de Comité Directeur, well ech iwwerzeegt sinn, datt et fir d'Gemengepersonal ëmmer méi wichteg gëtt, eng modern, staark an no bei de Memberen orientéiert Gewerkschaft ze hunn. D'FGFC huet an de leschte Joren e wichtege Moderniséierungsprozess ageschloen, an ech wëll dozou bäidroen, dëse Wee weiderzeféieren. Mat bal 20 Joer Erfarung als Gewerkschaftler an als President vun enger Personaldelegatioun wëll ech meng Erfarung, mäin Engagement an Iddien an den Déngscht vun der FGFC stellen, fir Verbesserunge fir d'Gemengepersonal z'erreechen an d'Rechter vun all eenzelem Member mat Iwwerzeegung ze verdeedegen.

SCHMIT Éric

SCHMIT
Éric

Als engagierter Gemeindebeamter möchte ich mich aktiv für die Interessen aller Kolleginnen und Kollegen einsetzen. Mir sind ein offener Dialog, Transparenz und eine starke Vertretung des Gemeindepersonals besonders wichtig.

SCHOLZEN Isabelle

SCHOLZEN
Isabelle

Ech sinn d’Isabelle Scholzen. Als laangjärege Member vun der Personaldelegatioun vun der Stad Lëtzebuerg, wou ech jorelaang de Posten vum Sekretär an Chancëgläichheetsdelegéierte besat hunn an séit engem Joer Vize-Sekretär sinn, well ech mech weiderhin, elo an der Retraite progressive, op gewerkschaftlechem Niveau fir d’Personal vun den Gemengen an Gemengesyndikater asetzen. Dobäi vertrieden ech och séit méi ewéi 10 Joer d’Interessi vun den Gemengebeamten an der CHFEP, der Beruffskummer vun den Gemengebeamten an Gemengen Employéeën. Den Bien-être au travail, den Equiliber tëscht Arbecht an Familjeliewen an d’Gesondheet leien mir besonneg zu Häerzen.

STOFFEL Frédéric

STOFFEL
Frédéric

Als Member vum aktuelle Comité directeur vun der FGFC an als Sekretär vun der Beamtendelegatioun vun der Stad Lëtzebuerg setzen ech mech all Dag fir d'Interesse vun de Mataarbechter am Gemengesecteur an. Dëst Engagement wëll ech och an Zukunft weiderféieren an esou d'FGFC aktiv matgestalten. Ech sti fir eng modern, effizient a biergerno Gemengeverwaltung mat fairen Aarbechtskonditiounen. Reforme mussen der Praxis gerecht ginn: duerchduecht, pragmatesch an ëmsetzbar – ëmmer mat Bléck op d'Erausfuerderungen an d'Besoine vun de Mataarbechter, eise Gemengen an hiren Entitéiten.

WOHL Fränky

WOHL
Fränky

Mäi Numm ass Fränky WOHL, ech si 54 Joer al, glécklech bestuet aPapp vun 2 erwuessene Kanner. Ech schaffen am Sekretariat vum Departement techniqueop der Péitenger Gemeng. Zanter méi wéi 25 Joer engagéieren ech mech op der Aarbecht firmeng Mataarbechter, respektiv fir d’Leit am Secteur publique. Dëst ab dem Joer2000 beim Staat iwwert d’ACFAGouv, respektiv iwwert d’AGC (Ënnerorganisatiounevun der CGFP), an zënter 2018 bei der FGFC wou ech dann och zënter e puer JoerMember am Comité exécutif sinn. Ech sinn iwwert de GoTeam, eng innovativ Reform-Initiativevun der FGFC, op dëse Poste komm, an hunn iwwert dee Prozess vill interesséiertan engagéiert Leit vun der FGFC kennen a schätze geléiert. Iwwert d’CHFEP sinnech Member an der Pensionskommissioun, a gesinn do leider reegelméisseg Leitdéi vun de verschiddenste Schicksalsschléi getraff ginn, an alles dru gesat gëttdës awer nach beschtméiglech an der Aarbechtswelt ze halen. Mär ass et wichteg jidderengem eng Stëmm ze ginn, a méiglecht géintall Ongerechtegkeeten an der Aarbechtswelt vir ze goen. Jidderee huet säiCharakter, seng Aarbechtsmoral, seng Probleemer, säi Misär awer och seng Freed,an awer si mär all gläich an dofir soll jidderee och d’selwecht behandelt ginn. Nëmmen zesummen ass e staark, a nëmmen zesumme kann een eppes erreechen,an dofir soen ech “Jo fir d’Gemengepersonal”.

ZUCHELT Sam

ZUCHELT
Sam

E modernen, effizienten a zukunftsséchere kommunale Déngscht, mat gudden Aarbechtskonditiounen an enger staarker Zukunft fir déi aktuell an déi kommend Generatiounen.

FGFC Symposium

Nach der Wahl wird aus dem Comité Directeur ein siebenköpfiges Exekutivbüro bestimmt. Die feierliche Bekanntgabe findet in Anwesenheit von Mitgliedern und geladenen Gästen statt.

Weitere Informationen folgen in Kürze.